A-Schäin 2017

Den YCL bitt dëst Joer fir all Interessent ab 14 Joer de sou-genannten „A-Schäin“ un. Souwuel Praxis wéi och Theorie ginn enseignéiert.

Konditiounen

  • Den Dag vum Examen mindestens 14 Joer al sinn.
  • E Brevet de natation hunn (Fräischwëmmerschäin).
  • Eng Sportlizenz beim YCL oder e Certificat médical hunn.
  • D’Fiche d’inscription (an evtl. eng Autorisation parentale) ausgefëllt an ageschéckt hunn.
  • Präis: 125€

Datumer

  • Theorie (Nationalbibliothéik 18-20 Auer)
    • 26. Abrëll
    • 8. oder 10. Mee
    • 22. Mee
    • 29. Mee
  • Praxis (Léifreg)
    • 29./30. Abrëll
    • 1. Mee
    • 6./7. Mee
    • 13./14. Mee
    • 20. Mee
    • 10./11. Mee
    • 17./18. Juni

Vun deenen 12 Deeg muss een der minimum 8 dobäi sinn.

Wat ass en A-Schäin?

En A-Schäin ass eng Zort Führerschäin fir Seegler déi op engem Bannegewässer ënnerwee sinn. Dëse Schäin ass op alle Fall e gudde Beweis dofir dass een d’Basimanöver op engem Segelboot beherrscht. Dëst kann engem zegutt kommen wann een zB. am Ausland e Segelboot lounen wëllt. Ausserdeem ass en obligatoresch fir kennen Segelmoniteur zu Lëlz ze ginn. Den A-Schäin ass och eng gutt Basis fir all déi Leit, di spéider de „grousse“ Führerschäin (Permis mer) maache wëllen.

Bei Froen oder fir weider Informatiounen kënnt Dir Iech gären un de Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!, de Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein! oder de Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!adresséiren.

   
© Webmaster Heng Nilles