Am Ufank vun der Saison hunn e puer Skiffequipagen de Wee op di sympathesch French Open Skiff Regatt um Lac du Der fonnt: zwee RS800 an ee Laser 4000 ware mat um Start. Am Ganzen waren 48 Skiffen um Depart, vill Gedrécks op der Ligne de départ a rondrem d'Bouée'en... D'Stëmmung war immens flott, de Wand war um rendez-vous, just d'Temperaturen (Loft & Waasser) waren e bësse frësch ;-)

Zwee vun eisen Equipagen déi fir d'alleréischt ënnert där Form eng Regatt gefuer sinn hu sech daper geschloen an hate vill Spaass. Dee méi routinéierten Equipage huet niewent dem Spaass och nach eng 25. Plaatz erausgefuer.

Fotoen ginn et ënner "Régates" - "Photos", an e flotte Reportage vu France 3 - Champagne/Ardenne fannt dir ënnert folgendem Link.

E grousse Merci un den André, Organisateur vun der Regatt, deen eis op d'Idee bruecht huet all Joer em Ouschteren op de Lac du Der ze fueren.